Bioshock 2
by cnspiracy | 22.02.2010 | 21:11
Page 1

Déi meescht vun iech erënneren sech mat Sécherheet nach un Bioshock, een Shooter deen ordinär Spillprinzipien mat engem neiaartegen Elementarsystem verbonnen huet an duerch seng interessant Schauplaatz an een Moralsystem erausgestach huet. Geschéckt huet den Entwéckler 2K deemools och Rollespillelementer mat an déi spannend Geschicht agebaut an huet atmosphäresch deelweis souguer un Survival-Horror Spiller wei Silent Hill erënnert. Dëse Mount ass d’Fortsetzung Bioshock 2 op de Maart komm an op dëser Platz well ech dësen zweeten Deel fir iech op Häerz an Nieren préifen.
Dësen Test baséiert op der Playstation 3 Versioun vum Spill, et dierft awer net vill Ënnerscheeder tëschent den verschiddenen Ëmsetzunge ginn. Wat soubal een d’Spill aleet direkt opfält ass, dat een net wie bei enger Fortsetzung üblech de selwechten Haaptcharakter spillt, mä dat een dës Kéier an d’Roll vun engem „Big Daddy“ klemmt. D’Big Daddies waren am éischten Spill nach d’Géigner vum anonymen Held an och an dësem Deel huet een mat dësen haarde Borschten genuch ze kämpfen. Ausserdeem sinn säit dem Spiller sengem läschte Besuch zu Rapture 10 Joer vergaang, a wien mengt dat am éischten Deel dës Ennerwaasserstaat well schlëmm ausgesinn huet, deen kann sech op eppes gefaasst maachen. Et ass raschteg a knaschteg an iwwerall mierkt een, dat den Ozean sech esou lues säin alen Territoire zeréckhuele wëll. Vun der Geschicht well ech hei net zevill ewech huelen. Et sief einfach gesot, dat een als Big Daddy op der Sich ass no senger „Little Sister“ mat där een 10 Joer zuvir onwiderruflech verbonne gouf. D’Sophia Lamb, dat sech selwer fir d’Mamm vun dëser Little Sister, dem Eleonor, hält, versicht alles fir sech dem Spiller an de Wee ze stellen. Nei an dësem Spill sinn d’„Big Sisters“ eng Zort Géigner die sech extrem séier beweegen kann, an mat enger Rüstung ausgerüst ass. Dozou kennt dat se ausserdeem d’Fäegkeet hunn sech ze teleporteiren an „Plasmids“ ze notzen. Eng duerchaus erausfuerderent Kombinatioun.

